+352 20 80 27 00 contact@drjangieres.lu
19, rue Rudi Herber L-1749 Howald

Dr Jan Gieres

Biostimulateuren

Biostimulateuren sinn Substanzen déi de Kierper dozou ureegen sech selwer ze régeneréieren. An der Haut heescht dat, d’Produktioun vu Kollagen, Elastin ewéi Hyaluron unzereegen an doduerch zu enger besserer Hautqualitéit a Festegkeet vun der Haut ze féieren. Ab Enn 20 hëllt de Kollagengehalt vun der Haut sukzessiv of, wat dann och zur Visibilitéit vu Falen an enger Verschlechterung von der Hautqualitéit bäidreet.

Wéi e Biostimulateur an Äeren Fall am idealsten ass, kann den Dr Gieres no enger Analyse vun Ärem Fall bestëmmen.

Profilho – Skinbooster op Hyaluronbasis

Profilho baséiert op Hyaluron deen thermesch vernetzt ass. Dëse Filler gëtt punktuell injezéiert an diffundéiert dann vum selwen an der Haut a suergt esou fir eng intensiv Hydratatioun. Niewt der Hydratatioun reegt dëse Skinbooster och d’Produktioun vu Kollagen, Elastin a kierpereegenem Hyaluron un.

Eng Behandlung dauert ongeféier 30-40 Minutten. No enger grëndlecher Desinfektioun an engem exakten Unzeechnen vun de Behandlungsarealer, gëtt Profilho virsiichteg mat ganz rénge Nolen op bestëmmte Punkten injezéiert. Pro Punkt brennt et liicht fir e puer Sekonnen. No der Behandlung sinn Drockempfindlechkeet, Rougeuren a punktuell Schwellungen, souwéi och Bleuen temporär méiglech. Den Traitement soll dofir a Relatioun mat professionellen a privaten Aktivitéite geplangt ginn.

Make-up soll bis zu 24 Stonnen no der Behandlung net applizéiert ginn. Eng antiseptesch Creme soll zweemol am Dag fir 1-2 Deeg opgedroe ginn. Eng Sonnecrème soll konsequent fir 4 Wochen no der Behandlung opgedroe ginn. Sport soll fir 24-48 Stonnen net gemaach ginn. Sauna, Hammam oder Kältekummeren si fir 2 Wochen nom Traitement net recommandéiert.

Den Effet vun der Behandlung kann no ca 3-5 Deeg gesi ginn. Well duerch den Traitement och kierpereegene Kollagen, Elastin a Hyaluron stimuléiert ginn, kann sech d’Resultat nach weiderhin an deene nächste Woche verbesseren. Et sinn 1-2 Séancen recommandéiert. Den Effet hällt fir ongeféier 1 Joer un.

  • Schwangerschaft an / oder Nieren
  • Allergie op Bestanddeeler vum Filler
  • Lokal Infektiounen oder oppe Wonnen an de Behandlungsberäicher
  • Lafend Immuntherapie
  • Virbehandlung mat permanente, net absorbéierbare Filleren

All eventuell weider Froen beäntwert Iech den Dr. Gieres gären an engem perséinlechen Berodungsgespréich.

HArmonyCA – Hybridfiller aus Hyaluron a Calcium Hydroxylapatit

HArmonyCA besteet aus Hyaluron a Calcium Hydroxylapatit (Ca2 + HA), déi allen 2 natierlech am mënschleche Kierper virkommen. Ca2 + HA stimuléiert déi Zellen an der Haut déi verantwortlech fir d’Produktioun vun neiem Kollagen an Elastin sinn, nämlech d’Fibroblasten. Dëst féiert zu enger besserer Hautqualitéit: besser Elastizitéit an Fermetéit. De klasseschen Hyaluron dréit derzou bäi fir e Volumendefizit auszegläichen an ze contouréieren.

  • lateral (jawline) Jawline a Kieferwénkel

Eng Behandlung dauert ongeféier 30-40 Minutten. No enger grëndlecher Desinfektioun an engem exakten Unzeechnen vun de Behandlungsarealer, gëtt den HArmonyCA virsiichteg mat ganz rénge Kanülen injezéiert. Fir d’Behandlung sou agréabel wéi méiglech ze maachen, enthält HArmonyCA Lidocaïne (Lokalanästhesie). Eng Allergie oder eng Intoleranz op Lokalanesthetika sollt dofir virun der Behandlung ausgeschloss ginn.

Bei der Injektioun kann et trotz Lokalanesthetika heiansdo e bëssi picken. No der Behandlung sinn Drockempfindlechkeet, Rougeuren a Schwellungen, esou wéi och Bleuen temporär méiglech. Den Traitement soll dofir a Relatioun mat professionellen a privaten Aktivitéite geplangt ginn.

Make-up soll bis zu 24 Stonnen no der Behandlung net applizéiert ginn. Eng antiseptesch Creme soll zweemol am Dag fir 1-2 Deeg opgedroe ginn. Eng Sonnecrème soll konsequent fir 4 Wochen no der Behandlung opgedroe ginn. Sport soll fir 24-48 Stonnen net gemaach ginn. Sauna, Hammam oder Kältekummeren si fir 2 Wochen nom Traitement net recommandéiert.

D’Resultat ass direkt ze gesinn, mee et kënnt während de nächsten 2-3 Méint zu enger weiderer Verbsserung, dëst  well den Opbau vu kierpereegenem Kollagen an Elastin, deen vun enger HArmonyCA Behandlung stimuléiert gëtt, Zäit brauch. Den Effet ka fir ongeféier 18-24 Méint unhalen.

  • Schwangerschaft an / oder Nieren
  • Allergie op Lidocaine oder aner Bestanddeeler vum Filler
  • Lokal Infektiounen oder oppe Wonnen an de Behandlungsberäicher
  • Lafend Immuntherapie
  • Virbehandlung mat permanenten, net absorbéierbare Filleren

All eventuell weider Froen beäntwert Iech den Dr. Gieres gären an engem perséinlechen Berodungsgespréich.

Juläine – PLLA Biostimulateur

Et handelt sich beim Juläine ëm e Produit op Bas vu Poly-L-Mëllechsaier (PLLA), déi en Derivé vun der Mëllechsaier ass an zur Famill vun den aliphatëschen Polyesteren gehéiert, déi fir hir Biocompabilitéit an hir Kapazitéit sëch natielech am Kierper ofzebauen bekannt sinn. Am Domaine vun der Medezin fënnt een de PLLA zum Beispill och an de résorbable chirurgesche Fiedem.

An der ästhetescher Dermatologie gëtt de PLLA um Niveau vum Gesiicht injectéiert fir eng Verbesserung vun der Hautqualitéit duerch d’Ureegung vun de Fibroblasten (Haaptzellen am Bindegewebe) an domatter der Produktioun vu Kollagen an Elastin z’erreechen. Déi injectéiert PLLA Microsphèren dégradéieren sech lues a lues a gin dann duerch de neie Kollagen vun den ugereegten Fibroblasten ersat. Dës Injectiounen gi vrun allem um Niveau vun den Nasolabialfalen, am Beräich vu de Lëppsen bei de « rides codes barre » oder och « Raucherfältchen » genannt an de Marionettefalen gemaach. Se si besonnescht gëegent wann en ze vill volumiséierenden Effet soll evitéiert ginn.

  • Nasolabialfale
  • am Beräich vun e Lëppsen: « rides codes barre » oder och « Raucherfältchen » genannt
  • Marionettefalen
  • Plisséfalen am Beräich vun de Baken

Eng Behandlung dauert ongeféier 30-40 Minutten. No enger grëndlecher Desinfektioun an engem exakten Unzeechnen vun de Behandlungsarealer, gëtt de Juläine virsiichteg mat ganz rénge Kanülen injezéiert. Fir d’Behandlung sou agréabel wéi méiglech ze maachen, enthält Juläine Lidocaïne (Lokalanästhesie). Eng Allergie oder eng Intoleranz op Lokalanesthetika sollt dofir virun der Behandlung ausgeschloss ginn.

Bei der Injektioun kann et trotz Lokalanesthetika heiansdo e bëssi picken. No der Behandlung sinn Drockempfindlechkeet, Rougeuren a Schwellungen, esou wéi och Bleuen temporär méiglech. Den Traitement soll dofir a Relatioun mat professionellen a privaten Aktivitéite geplangt ginn.

Make-up soll bis zu 24 Stonnen no der Behandlung net applizéiert ginn. Eng antiseptesch Creme soll zweemol am Dag fir 1-2 Deeg opgedroe ginn. Eng Sonnecrème soll konsequent fir 4 Wochen no der Behandlung opgedroe ginn. Sport soll fir 24-48 Stonnen net gemaach ginn. Sauna, Hammam oder Kältekummeren solle fir 1-2 Wochen nom Traitement evitéiert ginn. E Massage vun den injectéierten Zonen op Uweisung vum Dokter ass recommandéiert.

De kompletten Effet vun der Behandlung ass réit no 2-3 Méint ze gesinn, well den Opbau vu kierpereegenem Kollagen, stimuléiert vun enger Juläine Behandlung, Zäit brauch. Et kënnen 2-3 Behandlungen noutwendeg sinn an den Effet hällt fir ongeféier 18-24 Méint un.

  • Schwangerschaft an / oder Nieren
  • Allergie op Lidocaine oder aner Bestanddeeler vum Filler
  • Lokal Infektiounen oder oppe Wonnen an de Behandlungsberäicher
  • Lafend Immuntherapie
  • Virbehandlung mat permanenten, net absorbéierbare Filleren

All eventuell weider Froen beäntwert Iech den Dr Gieres gären an engem perséinlechen Berodungsgespréich.

Radiesse – Calcium Hydroxylapatit

Radiesse ass e Filler deen wéinst senger spezieller Viskositéit virun allem am Beräich vun den Hänn, dem Hals an dem Décolleté agesat gëtt. Dëse Filler baut net onbedengt Volume op mee verbessert d’Hautqualitéit an Elastizitéit. En hëlleft dem Kieper seng eege Kollagenreserven an der Haut nees opzefëllen.

Radiesse enthält de synthetesch produzéierten Wiirkstoff Calcium Hydroxylapatit (Ca2 + HA), deen natierlech am mënschleche Kierper virkënnt. Ca2 + HA stimuléiert déi Zellen an der Haut déi verantwortlech fir d’Produktioun vun neiem Kollagen sinn, nämlech d’Fibroblasten.

  • Gesiicht
  • Hals
  • Décolleté
  • Been
  • Äerem

Eng Behandlung dauert ongeféier 30-40 Minutten. No enger grëndlecher Desinfektioun an engem exakten Unzeechnen vun de Behandlungsarealer, gëtt de Radiesse virsiichteg mat ganz rénge Kanülen injezéiert. Fir d’Behandlung sou agréabel wéi méiglech ze maachen, enthält Radiesse Lidocaine (Lokalanästhesie). Eng Allergie oder eng Intoleranz op Lokalanesthetika sollt dofir virun der Behandlung ausgeschloss ginn.

Bei der Injektioun kann et trotz Lokalanesthetika awer heiansdo e bëssi picken. No der Behandlung sinn Drockempfindlechkeet, Rougeuren an Schwellungen, esou wéi och Bleuen temporär méiglech. Den Traitement soll dofir a Relatioun mat professionellen a privaten Aktivitéite geplangt ginn.

Make-up soll bis zu 24 Stonnen no der Behandlung net applizéiert ginn. Eng antiseptesch Creme soll zweemol am Dag fir 1-2 Deeg opgedroe ginn. Eng Sonnecrème soll konsequent fir 4 Wochen no der Behandlung opgedroe ginn. Sport soll fir 24-48 Stonnen net gemaach ginn. Sauna, Hammam oder Kältekummeren si fir 2 Wochen nom Traitement net recommandéiert.

De kompletten Effet vun der Behandlung ka réischt no 3 Méint gesi ginn, well den Opbau vu kierpereegenem Kollagen, stimuléiert vun enger Radiesse Behandlung, Zäit brauch. Et kënnen eng bis zwou Behandlungen noutwendeg sinn an den Effet hällt fir ongeféier 1 Joer un.