Botox
Mimesch Falen
Entspaanung vun hyperaktiver Gesiichtsmuskulatur
Botulinum ass zënter den 1990er Joeren e sécheren a bewährte Wee fir Gesiichtsfalten z’entspanen.
Botulinum ass en natierlechen Protein dat vu speziellen Bakterien (Clostridium botulinum) produzéiert gëtt an aus Kulturen vun dëse Bakterien gewonne ginn. Am Mënsch verhënnert dëse Protein temporär d’Transmissioun vum Botenstoff Acetylcholin vum Nerv un de Muskel oder och un d’Schweessdrüsen. De Muskel kritt net méi d’Informatioun fir sech ze kontraktéieren, respektiv d’Schweessdrüs kritt kee Signal méi fir Schwees ze produzéieren. Dëst féiert zu enger Entspanung vun de Gesiichtsmuskelen an doduerch zu enger Entspanung vun de Gesiichtsfalen oder, am Fall vun de Schweessdrüsen, zu enger däitlecher Reduktioun vum Schweess. Dëst ass e reversiblen Prozess well de Protein Botulinum no e puer Méint komplett vum Kierper ofgebaut gëtt. Den Effet hällt ongeféier 3-4 Méint bei den Gesiichtsfalen a bis zu 9 Méint bei de Schweessdrüsen.
- Wéi eng Zonen kënne behandelt ginn?
- Glabella / « Zornesfalte »
- Horizontal Stierfalen
- Laachlinnen (Falen op der Säit vun den Aen)
- Bunny lines (Falen op der Bréck vun der Nues)
- Marionettefalen
- « Pflastersteinkinn » (Peau d’orange um Kënn)
- Platysmasträng (vertikal Halssträng)
- Axillär Hyperhidros (staarkt Schweessen an den Achselen)
- Migraine (Attacken-ähnlecht Kappwéi)
- Bruxismus (Kretschen mat den Zänn)
- En dominanten Kaumuskel (M. masseter)
- Schwangerschaft an Nieren
- Lokal Infektioune op den Injektiounspunkten
- Therapie mat Aminoglykosid Antibiotiken oder Spektinomycin, a Muskelrelaxantant’en
- Neuromuskulär Krankheeten (z. B. Myasthenia gravis, Lambert-Eaton-Rooke Syndrom)
- Amyotroph Lateralskleros (Lou Gehrig Syndrom)
Nodeems d’Behandlungsareal grëndlech desinfizéiert ass, ginn d’Injektiounen mat enger ganz feiner Nol gemaach a kleng Quantitéiten vun der Substanz an d’Haut respektiv an d’Muskelen gesprëtzt. Ofhängeg vun der Plaz mierkt een d’Injektiounen méi oder manner, ähnlech wéi bei enger Akupunktur. Schlëmm Péng ass net ze erwaarden. Op den Injektiounsplaze kann et liicht Schwellunge ginn, vergläichbar mat enger Piqûre vun enger Moustique, déi sin awer no enger gudder Stonn nees verschwonnen. Punktförmeg Bleuen entstinn seelen no der Behandlung, déi kënnen och nach e puer Deeg nom Traitement ze gesinn sin.
Am Allgemengen gëtt de Botulinum méi wéi gutt toleréiert an ass eng effektiv Behandlungsmethod. Trotzdem kënnen och onerwënscht Niewewierkungen hei optrieden, déi, och wéi den gewenschten Effet, komplett zréckgin. Temporäre Kappwéi ass bei wäitem den heefegsten Nieweneffekt. Op der anerer Säit sinn et vill Patienten, deenen hire chronesche Kappwéi oder hir Migränen no der Behandlung mat Botulinum besser ginn.
An den éischte Stonne no der Behandlung diffuséiert den aktive Wiirkstoff Botulinum vun all Injektiounspunkt a bënnt sech un déi entspriechend, Synapsen vun de Nerven.
Dofir gëllt déi folgend Regel an den éischte 24 Stonnen no enger Behandlung: Keen Drock op d’Behandlungsberäicher ausüben, och net wärend enger kosmetescher Behandlung, oder bei Massagen (op der Stiir leien). Och d’Droen vun engem Kappband oder Helm, asw. ass net ugeroden. Kee Sport oder aner kierperlech Ustrengung während 24 Stonnen.
No ongeféier 4 Stonnen kann awer Make-up oder en Moisterizer erëm ugewannt ginn, d’Gesiicht kann och virsiichteg proper gemaach ginn.
Den Ufank vum Botulinum Effet gëtt dacks no 1-2 Deeg observéiert. De maximalen, gewënschten Effet ass no ongeféier 14 Deeg do. Bis dohinner ass et ganz wahrscheinlech datt gewëssen « Onregelméissegkeeten » oder kléng « Säitendifferenzen » sech vum selwen ausgläichen. Dofir, mécht eng Kontroll oder eng méiglech Nobehandlung réicht no 2 Wochen Sënn.
All eventuell weider Froen beäntwert Iech den Dr Gieres gären an engem perséinlechen Berodungsgespréich.
Axillär Hyperhidros
Schweessen ass e physiologeschen an noutwendege Prozess, et hëlleft dem Kierper fir Hëtzt ofzeginn. Mënschen hu bis zu 2 Millioune Schweessdrüsen um Kierper. Dës ginn haaptsächlech op der Stir, an den Achselen an op den Hänn a Féiss fonnt. Schweess ass tatsächlech ouni Geroch, de Geroch entsteet nëmmen duerch eng bakteriell Kolonisatioun.
Iwwerdriwwent Schweessen (Hyperhidros) kann psychologesch belaaschtent a stygmatiséierend sinn, et schummt ee sech fir d’Schweessflecken, sou munch Leit hu souguer een zweet Hiem bei sech, fir sech am Laaf vum Dag frësch unzedoen.
Eng sekundär Hyperhidross, also exzessivt Schweessen duerch eng existent Krankheet, muss als éischt ëmmer ausgeschloss ginn. An deem Fall muss d’existent Krankheet behandelt ginn.
Prinzipiell, wann Dir ze vill schweesst, sollt Dir zevill Kaffi, Téi oder Alkohol vermeiden, well dës Genussmëttelen d’Schweessen nach méi schlëmm maachen. Weiderhin solle synthetesch Kleeder évitéiert ginn a wa méiglech Kottengsennerwäsch a Strëmp gedroe ginn.
Bei der medizinescher Therapie kann een op Deodorantien mat Aluminiumchlorid oder op Botulinum zeréckgräifen.
Aluminiumchlorid blockéiert d’Kanäl vun de Schweessdrüsen, ufanks gëtt den Deo all Dag op d’Achselen, d’Hänn oder d’Féiss opgedroen, am Verlaaf gëtt d’Opdroen op all 3-4 Deeg reduzéiert.
D’Therapie mat Botulinum ass bei de Patienten ganz besonnescht beléift als Therapie fir Hyperhidros, well den Effet bis zu 6 Méint unhällt an praktesch en honnertprozentegt Resultat liwwert. D’Therapie ass schmerzarem well se no enger Virbehandlung mat enger Anästhesiescrème stattfënnt. Den Effet fänkt no 1 Woch un, an baséiert op der Verhënnerung vun der Produktioun vum Schweess.
D’Produktioun vu Schweess ass eng wichteg Schutzfunktioun vum Kierper. Awer just ënnert zwee Prozent vun de Schweessdrüsen leien an den Achselen.
Dréchen Achselen verhënneren also net datt genuch Schwees fir de Kierper ofzekillen produzéiert ka ginn. D’Schweesproduktioun ass nëmme an den traitéierten Arealer ageschränkt, an net um ganze Kierper.
All eventuell weider Froen beäntwert Iech den Dr Gieres gären an engem perséinlechen Berodungsgespréich.