Gesiichtsbehandlungen
Medizinesche Microneedling/Mésothérapie
Microneedling bedeit dat d‘Haut, méi genau, d’Epidermis an d’Dermis, bei dësem Traitement mat ganz rénge Nolen perforéiert ginn, dëst an enger variabler Déift vun 0,2 bis zu 1mm oder esou guer méi déif je no Traitement. Dës gezielt Microverletzung vun der Haut reegt se dozou hunn Reparaturprozesser a Gaang ze setzen déi zu enger verstäerkter Kollagenproduktion féieren. Doduerch gëtt d’Hautbild verbessert, Poren a ganz réng Falen kënne maner visible ginn.
Duerch de Microneedling entstinn Microkanäler, déi kënne genotzt ginn fir aktiv Wierkstoffer wéi ënner anerem Vitamin C, Hyaluron oder Botox anzeschleisen. Et schwätzt een hei vu Mesothérapie. Déi gennante Wierkstoffer kënnen esou déif an d’Haut andréngen an hir jeweileg Wierkung entfalen.
Den Traitement gëtt no enger Analyse vum Dr Gieres individuell un Äer Haut ugepasst.
- drëchen Haut
- falen Teint
- sonnesgechiedegt Haut.
- kléngste Falen
- vergréissert Poren
Fir d’éischt gëtt d’Haut gutt désinfizéiert. Dono gëtt de spezifesch ausgewielten Serum op d’Haut opgedroen a mam Microneedling Pen ageschafft. E liicht Kribbelen a Picken op der Haut kënne wärend dem Microneedling optrieden. An enger Séance kënnen och méi Seren opgedroe ginn. No der Behandlung kënne temporär Rougeuren optrieden, ganz sielen och mol kléng Croûten. Dofir soll den Traitement och a Bezuch op privat oder beruflech Verpflichtungen geplangt ginn.
Den Après Soin besteet aus enger konsequenter Uwendung vu Sonnecrème fir 4 Wochen. Maquillage kann no 12 Stonnen nees opgedroe ginn. Sport sollt fir 24H évitéiert ginn. Sauna a Spa solle fir 1 Woch net besicht ginn.
All eventuell weider Froen beäntwert Iech den Dr Gieres gären an engem perséinlechen Berodungsgespréich.
Medizinesche Peeling
De medezinesche Peeling (chemical Peel) ass eng Anti-Aging Prozedur déi zënter Joerzéngte an der ästhetëscher Dermatologie établéiert ass. E medezinesche Peeling ka je no Konzentratioun an ënnerschidleche Schichten vun der Haut d’Verbindungen tëschent den Hautzellen opléisen. Sou schielt sech di « al » Haut erof a gëtt iwwer d’Wondheelung duerch eng « nei » méi frësch Haut ersat.
- grob Hautstruktur
- onréng Haut, Akne
- falen Teint
- sonnesgechiedegt Haut.
- kléngste Falen
- vergréissert Poren
Fir d’Resultater vum medizinesche Peeling nach ze verbesseren kann eng Virbehandlung vun ca 4 Wochen mat enger spezieller Nuetscrème gemaach ginn, dëst kann zu liichte Rougeuren an Irritatiounen féieren. Mee dëst gëtt bewosst provozéiert, doduercher kann d’Haut nämlech de folgende Peeling am Cabinet besser verdroen. Dës Nuetscrème sollt ca 3-5 Deeg vum Rendez-vous am Cabinet awer nees gestoppt ginn. Zousätzlech muss eng Sonnecreme mat Liichtschutzfaktor 50 konsequent all Dag 4 Woche virun der Behandlung applizéiert ginn, fir spéider Hyperpigmentéierung (donkel Verfierwungen) ze vermeiden.
Et ginn iwwerflächlech, mëttel an déif Peels. Iwwerflächlech bis mëttel Peels gi bei eis am Cabinet praktizéiert. Se kënnen ca. 2-3 Mol hannerteneen gemaach ginn, fir de maximalen Effet ze kréien.
Fir d’éischt gëtt d’Haut gutt désinfizéiert, dono gëtt de Peel opgedroen an ca. 3-4 Minutten awierke gelooss. Normalerweis ginn tëschtent 2-3 Couchen opgedroen. E liicht Kribbelen an Brennen op der Haut kënne wärend dem chemesche Peeling optrieden, dëst hällt awer séier vum selwen op, bei Bedarf gëtt d’Haut gekillt. No der Behandlung kënne temporär Rougeuren optrieden, sielen och mol kléng Croûten. Meeschtens schielt sech d‘Haut liicht op verschiddene Plazen. Dëse Prozess dauert ongeféier 1 Woch an den Traitement soll och a Bezuch op privat oder beruflech Verpflichtungen geplangt ginn. D’Schielen kann awer mat engem gudden Moisterizer liicht cachéiert ginn.
Den Après Soin besteet aus enger konsequenter Uwendung vu Sonnecrème an engem adequaten Moisterizer. Genau Instruktioune ginn Iech vum Dr Gieres matgedeelt. Sauna a Spa solle fir 2 Wochen net besicht ginn. Maquillage kann no 12 Stonnen nees opgedroe ginn. Sport sollt fir 24 Stonnen évitéiert ginn.
All eventuell weider Froen beäntwert Iech den Dr Gieres gären an engem perséinlechen Berodungsgespréich.