+352 20 80 27 00 contact@drjangieres.lu
19, rue Rudi Herber L-1749 Howald

Dr Jan Gieres

Dermatologesch Kosmetologie

Déi richteg Fleeg ass d’Basis vun enger gesonder a frëscher Haut.

Op Ufro mécht den Dr. Jan Gieres mat Iech eng 3D-Hautanalyse mëttels innovativer medizinischer Imaging Technologie an beréid Iech individuell iwwer déi richteg dermatologesch Fleeg vun Ärer Haut. Dëst baséierend op wëssenschaftleche Studien.

D’3D Visualiséierung vun der Haut erméiglecht de Grad vun der Vaskulariséierung, Pigmentéierung, Talgproduktioun, vum Sonneschued, vu Falen a Poregréisst duerzestellen.

D’Zil ass e Fleegekonzept ze kreéieren dat op Är Besoin’en ugepasst ass an Iech beim richtege Choix aus enger onendlech grousser Unuzuel vu Produit’en um Marché ze hëllefen.

Froen zu Sonneschutz, Vitamin C Seren, Retinol an Co. beäntwert Iech den Dr Gieres gären an engem perséinleschen Berodungsgespréich.