+352 20 80 27 00 contact@drjangieres.lu
19, rue Rudi Herber L-1749 Howald

Dr Jan Gieres

Injektiounsbehandlungen

Botulinum

Entspaanung vun hyperaktiver Gesiichtsmuskulatur

Botulinum ass zënter den 1990er Joeren e sécheren a bewährte Wee fir Gesiichtsfalten z’entspanen.

Botulinum ass en natierlechen Protein dat vu speziellen Bakterien (Clostridium botulinum) produzéiert gëtt an aus Kulturen vun dëse Bakterien gewonne ginn. Am Mënsch verhënnert dëse Protein temporär d’Transmissioun vum Botenstoff Acetylcholin vum Nerv un de Muskel oder och un d’Schweessdrüsen. De Muskel kritt net méi d’Informatioun fir sech ze kontraktéieren, respektiv d’Schweessdrüs kritt kee Signal méi fir Schwees ze produzéieren. Dëst féiert zu enger Entspanung vun de Gesiichtsmuskelen an doduerch zu enger Entspanung vun de Gesiichtsfalen oder, am Fall vun de Schweessdrüsen, zu enger däitlecher Reduktioun vum Schweess. Dëst ass e reversiblen Prozess well de Protein Botulinum no e puer Méint komplett vum Kierper ofgebaut gëtt. Den Effet hällt ongeféier 3-4 Méint bei den Gesiichtsfalen a bis zu 9 Méint bei de Schweessdrüsen.

  • Wéi eng Zonen kënne behandelt ginn?
  • Glabella / « Zornesfalte »
  • Horizontal Stierfalen
  • Laachlinnen (Falen op der Säit vun den Aen)
  • Bunny lines (Falen op der Bréck vun der Nues)
  • Marionettefalen
  • « Pflastersteinkinn » (Peau d’orange um Kënn)
  • Platysmasträng (vertikal Halssträng)
  • Axillär Hyperhidros (staarkt Schweessen an den Achselen)
  • Migraine (Attacken-ähnlecht Kappwéi)
  • Bruxismus (Kretschen mat den Zänn)
  • En dominanten Kaumuskel (M. masseter)
  • Schwangerschaft an Nieren
  • Lokal Infektioune op den Injektiounspunkten
  • Therapie mat Aminoglykosid Antibiotiken oder Spektinomycin, a Muskelrelaxantant’en
  • Neuromuskulär Krankheeten (z. B. Myasthenia gravis, Lambert-Eaton-Rooke Syndrom)
  • Amyotroph Lateralskleros (Lou Gehrig Syndrom)

Nodeems d’Behandlungsareal grëndlech desinfizéiert ass, ginn d’Injektiounen mat enger ganz feiner Nol gemaach a kleng Quantitéiten vun der Substanz an d’Haut respektiv an d’Muskelen gesprëtzt. Ofhängeg vun der Plaz mierkt een d’Injektiounen méi oder manner, ähnlech wéi bei enger Akupunktur. Schlëmm Péng ass net ze erwaarden. Op den Injektiounsplaze kann et liicht Schwellunge ginn, vergläichbar mat enger Piqûre vun enger Moustique, déi sin awer no enger gudder Stonn nees verschwonnen. Punktförmeg Bleuen entstinn seelen no der Behandlung, déi kënnen och nach e puer Deeg nom Traitement ze gesinn sin.

Am Allgemengen gëtt de Botulinum méi wéi gutt toleréiert an ass eng effektiv Behandlungsmethod. Trotzdem kënnen och onerwënscht Niewewierkungen hei optrieden, déi, och wéi den gewenschten Effet, komplett zréckgin. Temporäre Kappwéi ass bei wäitem den heefegsten Nieweneffekt. Op der anerer Säit sinn et vill Patienten, deenen hire chronesche Kappwéi oder hir Migränen no der Behandlung mat Botulinum besser ginn.

An den éischte Stonne no der Behandlung diffuséiert den aktive Wiirkstoff Botulinum vun all Injektiounspunkt a bënnt sech un déi entspriechend, Synapsen vun de Nerven.

Dofir gëllt déi folgend Regel an den éischte 24 Stonnen no enger Behandlung: Keen Drock op d’Behandlungsberäicher ausüben, och net wärend enger kosmetescher Behandlung, oder bei Massagen (op der Stiir leien). Och d’Droen vun engem Kappband oder Helm, asw. ass net ugeroden. Kee Sport oder aner kierperlech Ustrengung während 24 Stonnen.

No ongeféier 4 Stonnen kann awer Make-up oder en Moisterizer erëm ugewannt ginn, d’Gesiicht kann och virsiichteg proper gemaach ginn.

Den Ufank vum Botulinum Effet gëtt dacks no 1-2 Deeg observéiert. De maximalen, gewënschten Effet ass no ongeféier 14 Deeg do. Bis dohinner ass et ganz wahrscheinlech datt gewëssen « Onregelméissegkeeten » oder kléng « Säitendifferenzen » sech vum selwen ausgläichen. Dofir, mécht eng Kontroll oder eng méiglech Nobehandlung réicht no 2 Wochen Sënn.

All eventuell weider Froen beäntwert Iech den Dr Gieres gären an engem perséinlechen Berodungsgespréich.

Hyaluron

Traitementer mat Hyaluron fir e Verloscht vu Volume ze kompenséieren.

Hyaluron ass eng natierlech an der mënschlecher Haut existéierend Ketten vun Zockermolekülen mat enger héicher Kapazitéit fir Waasser ze bannen. Am Laaf vum Liewen reduzéiert sech d’Konzentratioun vun Hyaluron an der Haut an domadder och den Fiichtigkeetsgehalt vun der Haut. D’Haut gëtt ëmmer méi dënn, manner elastesch an Falen kënnen enstoen. Kommerziell produzéierte Hyaluron kënnt aus Kulturen vun Bakterien (Streptokokken) an huet eng identesch Struktur wéi déi vun de Mënschen.

Fir eng Fillerbehandlung mat Hyaluron, gëtt Hyaluron mat ënnerschiddleche Viskositéiten a Konsistenzen benotzt fir e Verloscht vu Volume an der Haut oder ënnert der Haut ze kompenséieren. Den Hyaluron baut de fehlenden Tissu nei op.

Et ass e Fëllmaterial dat komplett vum Kierper ofbaubar ass. Den Hyaluron ass je no Produit no 12-18 Méint net méi am Tissu ze detektéieren, well en komplett absorbéiert ginn. Dëst mécht en Traitement mat Hyaluron sécher an individuell adaptéierbar un den Alterungsprozess an un de Wonsch vum Patient.

  • Agefale Baken an / oder Akzentuéierung vun den Cheekbones
  • Kënn an Jawline
  • Aereefer
  • Hängend Aperhoer
  • Lëpsen
  • Barcodefalen (Falen iwwert de Lëpsen)
  • Nasolabial Falen
  • Marionettefalen
  • Skinbooster fir d’Hautqualitéit ze verbesseren
  • atroph Narben

De Choix vum Produit gëtt vum Areal dat traitéiert soll ginn, dem aktuellen Hautzoustand an der Volumensituatioun um Gesiicht vum Patient bestëmmt. Den Dr. Gieres schafft mat qualitativ héichwäertege Filler vun der Mark Juvéderm vun Allergan (Nummer 1 op der Welt an dësem Beräich) a wielt schon während enger perséinlecher Berodung déi op déi individuell Besoin’en vum Patient ugepassten Hyaluron Filler aus dem Juvéderm Portfolio aus. Duerch d’Kombinatioun vu verschiddene Produit’en kënnen natierlech Behandlungsresultater erreecht ginn. Allergdéngs erfuerdert dëst normalerweis e puer Behandlungssëtzungen.

Eng Behandlung dauert ongeféier 30-60 Minutten. No enger grëndlecher Desinfektioun a suergfältegem Unzeechnen vun de Behandlungsarealer, gëtt den Hyaluron virsiichteg mat ganz réngen Kanülen injectéiert. Fir d’Behandlung sou agreabel wéi méiglech ze maachen, enthällt de Filler Lidocaine (Lokalanästhesie). Eng Allergie oder eng Intoleranz op Lokalanästhetika sollt dofir virun der Behandlung ausgeschloss ginn.
Bei der Injektioun kann et trotz Lokalanesthetika awer heiansdo e bëssen picken. No der Behandlung sinn Drockempfindlechkeet, Rougeuren an Schwellungen, souwéi heinsdo och Bleuen temporär méiglech. Den Traitement soll dofir a Relatioun mat professionellen a privaten Aktivitéite geplangt ginn.

Make-up soll bis zu 12 Stonnen no der Behandlung net applizéiert ginn. Eng antiseptesch Creme soll zweemol am Dag fir 1-2 Deeg opgedroe ginn. Eng Sonnecrème soll konsequent fir 4 Wochen no der Behandlung opgedroe ginn. Sport soll fir 24-48 Stonnen net gemaach ginn. Sauna, Hammam oder Kältekummeren si fir 2 Wochen nom Traitement verbueden.

D’Resultater vun der Hyaluron Behandlung sinn direkt ze gesinn an halen ongeféier 12 bis zu 18 Méint un, ofhängeg vum Produit deen benotzt gouf. En “Touch-up” fréistens no 2 Wochen stattfannen.

  • Schwangerschaft an / oder Nieren
  • Allergie op Lidocaine oder aner Bestanddeeler vum Filler
  • Lokal Infektiounen oder oppe Wonnen an de Behandlungsarealer
  • Lafend Immuntherapie
  • Virbehandlung mat permanenten, net absorbéierbaren Filler

All eventuell weider Froen beäntwert Iech den Dr Gieres gären an engem perséinlechen Berodungsgespréich.

Radiesse

Radiesse ass e Filler deen wéinst senger spezieller Viskositéit virun allem am Beräich vun den Hänn, dem Hals an dem Décolleté agesat gëtt.

Radiesse enthält de synthetesch produzéierten Wiirkstoff Kalziumhydroxylapatit (Ca2 + HA), deen natierlech am mënschleche Kierper virkënnt. Ca2 + HA stimuléiert déi Zellen an der Haut déi verantwortlech fir d’Produktioun vun neiem Kollagen sinn, nämlech d’Fibroblasten.

Eng Behandlung dauert ongeféier 30-60 Minutten. No enger grëndlecher Desinfektioun a engem exakten Unzeechnen vun de Behandlungsarealer, gëtt den Radiesse virsiichteg mat ganz Kanülen injectéiert. Fir d’Behandlung sou agreabel wéi méiglech ze maachen, enthält Radiesse Lidocaine (Lokalanästhesie). Eng Allergie oder eng Intoleranz op Lokalanesthetika sollt dofir virun der Behandlung ausgeschloss ginn.
Bei der Injektioun kann et trotz Lokalanesthetika awer heiansdo e bëssen picken. No der Behandlung sinn Drockempfindlechkeet, Rougeuren an Schwellungen, souwéi och Bleuen temporär méiglech. Den Traitement soll dofir a Relatioun mat professionellen a privaten Aktivitéite geplangt ginn.

Make-up soll bis zu 12 Stonnen no der Behandlung net applizéiert ginn. Eng antiseptesch Creme soll zweemol am Dag fir 1-2 Deeg opgedroe ginn. Eng Sonnecrème soll konsequent fir 4 Wochen no der Behandlung opgedroe ginn. Sport soll fir 24-48 Stonnen net gemaach ginn. Sauna, Hammam oder Kältekummeren si fir 2 Wochen nom Traitement verbueden.

De kompletten Effet vun der Behandlung kann réischt no 3 Méint gesi ginn, well den Opbau vu kierpereegene Kollagen, stimuléiert vun enger Radiesse Behandlung, Zäit brauch. Normalerweis geet eng Behandlung duer, den Effet hällt fir ongeféier 1 Joer un.

  • Schwangerschaft an / oder Nieren
  • Allergie op Lidocaine oder aner Bestanddeeler vum Filler
  • Lokal Infektiounen oder oppe Wonnen an de Behandlungsberäicher
  • Lafend Immuntherapie
  • Virbehandlung mat permanente, net absorbéierbare Filleren

All eventuell weider Froen beäntwert Iech den Dr Gieres gären an engem perséinlechen Berodungsgespréich.

Sklerotherapie

Besenreiser si kléng, verzweigt Venen, déi fächerförmeg un der Hautuewerfläch vun de Been lafen an heiansdo méi grouss Résau’en kënne bilden. Si erschéngen als hellrout vaskulär Beemercher, als donkelblo Venen oder rout-blo Flecken. Obwuel si vu wéineg medizinescher Bedeitung sinn, stellen si fir vill Leit e kosmetesche Problem duer.

D’Sklerotherapie vu Besenreiser gëtt fir en optimalt Resultat dacks mat enger Lasertherapie kombinéiert (Link).

Fir d’Sklerotherapie gëtt de Wiirkstoff Polidocanol an verschiddene Konzentratioune (0,25% – 0,5% – 1,0%) geholl.
Dës alkoholesch Léisung ass schon zënter e puer Joerzéngter am Asaz. Zënter e puer Joer gëtt d’Behandlung och als Microschaum-Sklerotherapie duerchgefouert, andeems den Polidocanol als Schaum virbereet gëtt, dës Prozedur mécht d’Sklerotherapie nach méi effektiv. De Polidocanol gëtt an d’Besenreiser mat enger ganz feiner Nol injectéiert a verursaacht eng liicht Entzündung vun der Gefässwand. Dëst mécht daat d’Bluttgefässer zesumme pechen, also eng sougenannte Skleroséierung, an sou kann d’Blutt net méi doduerch fléissen. Direkt no der Sklerotherapie sin d’Gefässer méi kloer z’erkennen a méi stéierend wéi virdrun, wat normal ass, am Laaf vun ca. 6 Wochen ginn d’Gefässer vum Kierper dann ofgebaut.

Eng Sklerotherapie dauert ongeféier 30 Minutten. Et ginn esou vill Besenreiser an all Sessioun traitéiert wéi et medezinesch vertriedbar ass.
No enger grëndlecher Desinfektioun vun den Behandlungsarealer gëtt déi skleroséierend Léisung präzis an d’Lumen vun de Besenreiser gesprëtzt. Liicht Péng an e liicht Brennen oder Zéien kënnen normalerweis mat all Piquure gefillt ginn. Dëst gëtt awer vu verschiddene Patiente kaum bemierkt. Direkt no der Behandlung kënnt Dir normalerweis Rougeuren, Moustique-Piqûre ähnlech Schwellungen an och minimal Bleuen op der Haut gesinn. Die eng oder aner Plooschter gëtt eventuell dono opgepecht. D’Droen vu Kompressiounsstrëmp ass fir 2 Wochen recommandéiert.

Mir empfeelen eng kuerz Promenade (ongeféier 20 Minutten) direkt no der Behandlung an et soll een vermeiden fir déi nächst Stonne ze laang ze stoen, ze sëtzen oder ze leien. Och intensiven Sport soll an den éischte 24 Stonnen vermeit ginn. Déi kleng Ploschteren sollten spéitstens erofgeholl ginn ier Dir an d’Bett gidd.

Sauna, Whirlpool, Hammam, an d’Bidde goen a ganz warem Duschen solle fir 2 Woche évitéiert ginn fir den Succès vum Traitement net negativ ze beanflossen. Normalt Duschen ass den Dag no der Behandlung méiglech.

Ausserdeem ass et wichteg UV Bestrahlung am Beräich vun de Been, dat heescht Sonn oder Solarium fir op d’mannst 4 Wochen ze évitéieren fir net Hyperpigmentéierungen (brong Verfierwungen) ze provozéieren. Hierscht a Wanter sinn dofir, an natierlech och wéinst de méi kille Temperaturen, besonnesch gëeegent fir en Sklerotherapieszyklus.

D’Reaktioun op d’Sklerotherapie variéiert vu Persoun zu Persoun. Et gi Leit, bei deenen bal all d’Besenreiser no enger Sessioun verschwonne sinn. Bei anere Leit kënnen d’Besenreiser och ganz persistent sinn a mussen e puer Mol behandelt ginn oder se reagéieren net adäquat op d’Therapie.

D’Erfahrung huet gewisen datt bis zu 80% vun de Besnreiser “zesummegepecht” kënne ginn, dëst an ca. 3-4 Sessiounen an ëmmer am Ofstand vun 6 Wochen. Eng Therapie mam vaskuläre Laser kann een zousätzlech bei verschidde Formen vun Besenreiser unwenden.

  • Schwangerschaft an / oder Nieren
  • Ope Wonnen oder Verletzungen an der Géigend vun den Behandlungsarealer
  • Zoustand no enger frëscher Thrombose
  • Krankheet mat Bettrouh oder limitéierter Mobilitéit
  • Bekannten Allergie op Polidocanol

All eventuell weider Froen beäntwert Iech den Dr Gieres gären an engem perséinlechen Berodungsgespréich.

Axillär Hyperhidros

Schweessen ass e physiologeschen an noutwendege Prozess, et hëlleft dem Kierper fir Hëtzt ofzeginn. Mënschen hu bis zu 2 Millioune Schweessdrüsen um Kierper. Dës ginn haaptsächlech op der Stir, an den Achselen an op den Hänn a Féiss fonnt. Schweess ass tatsächlech ouni Geroch, de Geroch entsteet nëmmen duerch eng bakteriell Kolonisatioun.

Iwwerdriwwent Schweessen (Hyperhidros) kann psychologesch belaaschtent a stygmatiséierend sinn, et schummt ee sech fir d’Schweessflecken, sou munch Leit hu souguer een zweet Hiem bei sech, fir sech am Laaf vum Dag frësch unzedoen.
Eng sekundär Hyperhidross, also exzessivt Schweessen duerch eng existent Krankheet, muss als éischt ëmmer ausgeschloss ginn. An deem Fall muss d’existent Krankheet behandelt ginn.

Prinzipiell, wann Dir ze vill schweesst, sollt Dir zevill Kaffi, Téi oder Alkohol vermeiden, well dës Genussmëttelen d’Schweessen nach méi schlëmm maachen. Weiderhin solle synthetesch Kleeder évitéiert ginn a wa méiglech Kottengsennerwäsch a Strëmp gedroe ginn.

Bei der medizinescher Therapie kann een op Deodorantien mat Aluminiumchlorid oder op Botulinum zeréckgräifen.
Aluminiumchlorid blockéiert d’Kanäl vun de Schweessdrüsen, ufanks gëtt den Deo all Dag op d’Achselen, d’Hänn oder d’Féiss opgedroen, am Verlaaf gëtt d’Opdroen op all 3-4 Deeg reduzéiert.

D’Therapie mat Botulinum ass bei de Patienten ganz besonnescht beléift als Therapie fir Hyperhidros, well den Effet bis zu 6 Méint unhällt an praktesch en honnertprozentegt Resultat liwwert. D’Therapie ass schmerzarem well se no enger Virbehandlung mat enger Anästhesiescrème stattfënnt. Den Effet fänkt no 1 Woch un, an baséiert op der Verhënnerung vun der Produktioun vum Schweess.

D’Produktioun vu Schweess ass eng wichteg Schutzfunktioun vum Kierper. Awer just ënnert zwee Prozent vun de Schweessdrüsen leien an den Achselen.

Dréchen Achselen verhënneren also net datt genuch Schwees fir de Kierper ofzekillen produzéiert ka ginn. D’Schweesproduktioun ass nëmme an den traitéierten Arealer ageschränkt, an net um ganze Kierper.

All eventuell weider Froen beäntwert Iech den Dr Gieres gären an engem perséinlechen Berodungsgespréich.