+352 20 80 27 00 contact@drjangieres.lu
19, rue Rudi Herber L-1749 Howald

Dr Jan Gieres

Lasermedizin

Ablative Laser

All Laser huet eng spezifesch Wellelängt, déi vun enger Zilstrucktur (Chromophor) an der Haut absorbéiert gëtt. Am Fall vum ablative Laser ass dëse Chromophor d’Waasser.

Well eis Hautzellen och zu ongeféier 60% aus Waasser bestinn, ginn se dofir vum Laser sou staark erhëtzt, datt se évaporéieren an esou ganz präzis ofgedroe kënne ginn.

  • Viruswaarzelen
  • Alterswaarzelen (seborrheesch Keratosen)
  • Hautunhängsel (Fibromer)
  • Xanthelasmen
  • Narben
  • Muttermaler déi ofstinn (papillomatös an dermal Nävien)
  • Milien

Eng Behandlung dauert ongeféier 10-20 Minutten (ofhängeg vun der Gréisst vun der Hautläsioun). Ier et lass geet, fënnt eng grëndlech Desinfektioun statt an de Patient kritt e spezielle Laserschutzbrëll opgesat. Wéinst der lokaler Anästhesie deet d’Laserbehandlung net wéih. No der Prozedur bleift nëmmen eng kleng iwwerflächlech Wonn, déi séier mat adäquater Crème Therapie ofheelt.

Fir déi kleng Wonn ze behandelen recommandéiere mir eng Desinfektiounscrème, déi Dir zweemol am Dag fir 2 Wochen opdroe sollt. Direkt Sonn soll bis 4 Wochen no der Therapie évitéiert ginn, Sonnecreme mat Sonneschautzfaktor 50 soll bis zu 4 Wochen no der Laserbehandlung zousätzkech opgedroe ginn. Make-up däerf nëmmen erëm ugewannt ginn nodeems sech eng nei Haut gebillt huet. D’Haut vun der gelaserter Regioun wäert ufanks liicht rout ausgesinn, mee dës Rougeur geet no 3-4 Méint zréck.

Normalerweis ass nëmmen 1 Behandlung noutwendeg, a spezielle Fäll wéi bei Xanthelasmen, kann och eng zweet Behandlung néideg sinn.

  • Schwangerschaft an/oder Nieren
  • Oppe Wonnen oder Verletzungen an de Behandlungsberäicher
  • Epilepsie

All eventuell weider Froen beäntwert Iech den Dr. Gieres gären an engem perséinlechen Berodungsgespréich.

Fraktionéierten ablative Laser

Mam fraktionéierten ablative Laser kann een ënner anerem d’Hauterneierung ureegen an kléngste Falen souwéi och iwwerflächlech Narben behandelen an verbesserern.

All Laser huet eng spezifesch Wellelängt déi vun enger Zilstruktur (Chromophor) an der Haut absorbéiert gëtt. Am Fall vum fraktionéierte Laser ass dëse Chromophor d’Waasser.

Well eis Hautzellen och zu ongeféier 60% aus Waasser bestinn, kann de fraktionéierte Laser duerch gezielt Mikro-Verletzungen eng Erneierung vun der Haut (Neokollagenes) initiéieren. Eng fraktionéiert Laserbehandlung féiert zu winzege Wonnen an der Dermis. Dëst huet den Effet datt tëscht dëse Läsionen intakt Hautzellen bleiwen, aus deenen d’Regeneratioun vun der Haut kann stattfannen. Déi genannte Prozesser stimuléieren de Kierper fir neie Kollagen, Hyaluron an Elastinfaseren ze produzéieren, wat zur Hautverjéngung an Réorganisatioun vun der Kollagenstruktur féiert.

  • Atroph Narben (agefale Narben), Aknenarben
  • Dehnungssträifen a Schwangerschaftssträifen
  • Falen a Verloscht vun der Hautelastizitéit am Gesiicht, um Hals, am Dekolleté an un den Hänn
  • Falen ronderem d’Aen
  • Falen ronderem de Mond
  • Grouss Poren

Ier et lass geet, fënnt eng grëndlech Desinfektioun statt an de Patient kritt e spezielle Laserschutzbrëll opgesat. Wärend der Behandlung kënnt Dir an den traitéierte Beräicher e liicht Brenne spieren, mee den Traitement u sech deet net wéih. Op Ufro gëtt vrun der Behandlung eng Anästhesiescrème opgedroen. No der Behandlung gëtt d’Haut normalerweis liicht rout, an de folgenden Deeg kann dat traitéiert Areal sech och liicht schuppen. D’Heelphas ass normalerweis no enger Woch ofgeschloss.

Fir d’Wonn ze behandelen, drot Dir eng Desinfektiounscrème zweemol am Dag fir 1-2 Wochen op. Direkt Sonneliicht sollt bis zu 4 Wochen no der Therapie évitéiert ginn. Sonnecrème mat engem Sonneschutzfaktor vu 50 soll bis zu 4 Wochen no der Behandlung applizéiert ginn. Make-up soll eréischt no 12 Stonnen erëm ugewannt ginn.

Fir en optimalt Resultat sinn an der Moyenne 3-4 Behandlungen noutwendeg, dat am Intervall vu 4 Wochen.

  • Schwangerschaft an/oder Nieren
  • Oppe Wonnen oder Verletzungen an de Behandlungsberäicher
  • Epilepsie

All eventuell weider Froen beäntwert Iech den Dr Gieres gären an engem perséinlechen Berodungsgespréich.

Vaskuläre Laser

All Laser huet eng spezifesch Wellelängt déi vun enger bestëmmter Zilstruktur (Chromophor) an der Haut absorbéiert gëtt. Am Fall vum vaskuläre Laser ass dëse Chromophor de Bluttfaarfstoff Hämoglobin. Den Hämoglobin gëtt esou staark vun der Energie vum Laser erhëtzt, datt d’Gefässer verpechen (koaguléieren) oder och zerstéiert ginn, am leschte Fall kënnt et dann zu Bleuen. Dat koaguléiert oder zerstéiert Gefäss gëtt da vum Kierper innerhalb vun ca. 4 Wochen ofgebaut. De Cabinet huet 2 vaskulär Laseren mat 2 verschidden Wellelängten fir optimal Resultater z’erreechen.

  • Kleng Oderen am Gesiicht, um Hals oder um Decolleté (Telangiektasien)
  • Couperose
  • Feuermal (Naevus flammeus)
  • Besenreiser
  • Bluttschwämmercher (Hämangiomen)
  • Narben

Eng Behandlung dauert ongeféier 10-20 Minutten ofhängeg vun der Gréisst vum Behandlungsareal. Ier et lass geet, fënnt eng grëndlech Desinfektioun statt an de Patient kritt e spezielle Laserschutzbrëll opgesat. Dir kënnt wärend der Laserbehandlung e liicht Brenne spieren, d’Behandlung u sech deet awer net wéih. No der Behandlung si minimal Schwellungen a Rougeuren méiglech.

Mee dës verschwannen no e puer Deeg erëm, Bleuen kënnen heiansdo optrieden.

Direkt Sonnestrahlen sollen bis zu 4 Wochen nom Traitement évitéiert ginn. Make-up kann direkt no der Behandlung erëm opgedroe ginn. Sauna, Hammam, schaarft Iessen oder Liewensmëttel mat Histamin solle fir e puer Deeg am Fall vun enger extensiver Behandlung évitéiert ginn.

Ofhängeg vum Areal an der Indikatioun sinn ongeféier 2-4 Uwendungen noutwendeg, dëst am Intervall vun 4 Wochen.
D’Resultat ass ëmmer réit 1 Mount no der leschter Sessioun ze gesinn.

  • Schwangerschaft an/oder Nieren
  • Oppe Wonnen oder Verletzungen an de Behandlungsberäicher
  • Epilepsie

All eventuell weider Froen beäntwert Iech den Dr Gieres gären an engem perséinlechen Berodungsgespréich.

Pigment Laser

All Laser huet eng spezifesch Wellelängt déi vun enger Zilstruktur (Chromophor) an der Haut absorbéiert gëtt.

Am Fall vum Pigment Laser ass dëse Chromophor d’Hautpigment Melanin. De Melanin gëtt esou staark vun der Energie vum Laser erhëtzt, datt d’Pigment a seng klengste Komponente zersprengt gëtt an an dësem Zoustand vun de kierpereegenen Friesszellen (Makrophagen) erkannt ka ginn an iwwert de Lymphsystem oftransportéiert gëtt.

  • Altersflecken (Lentigines seniles)
  • Speechelen (Epheliden)
  • Hyperpigmentéiert Narben
  • Spéitentzündlech Verfierwungen (post-inflammatoresch Hyperpigmentéierungen)

Ier et lass geet, fënnt eng grëndlech Desinfektioun statt an de Patient kritt e spezielle Laserschutzbrëll opgesat. Dir kënnt wärend der Laserbehandlung e liicht Brenne spieren, awer d’Behandlung u sech deet net wéih. No der Behandlung si minimal Schwellungen a Rougeuren méiglech. Speziell bei der Laserung vun Pigment ass, datt ëmmer eng donkel Verfierwung op de behandelte Beräicher optrëtt déi ongeféier 4-6 Woche brauch bis se verschwënnt. Dëst ass e normale Prozess, réit dono hellt sech d’Pigment op.

Direkt Sonnestrahlen sollen bis zu 4 Wochen no der Therapie évitéiert ginn. Make-up däerf eréischt 12 Stonnen no der Behandlung nees ugewannt ginn. D’Läsionen sollen mat enger Desinfektiounscrème zweemol am Dag fir 2 Woche als Nobehandlung versuergt ginn.

Ofhängeg vun der Indikatioun sinn ca. 2 Uwendungen noutwendeg, mat engem Intervall vu ca. 6 Wochen. No enger Vakanz an der Sonn sollt Dir op d’mannst 2 Wochen bis zur nächster Laserbehandlung waarden; virun enger Vakanz an der Sonn sollt déi lescht Behandlung op d’mannst 4 Wochen am Viraus gemaach ginn.

  • Schwangerschaft an/oder Nieren
  • Oppe Wonnen oder Verletzungen an de Behandlungsberäicher
  • Epilepsie

All eventuell weider Froen beäntwert Iech den Dr Gieres gären an engem perséinlechen Berodungsgespréich.

Tattoo Laser

All Laser huet eng spezifesch Wellenlängt déi vun enger Zilstruktur (Chromophor) an der Haut absorbéiert gëtt.

Am Fall vum Pigment Laser ass dëse Chromophor d’Faarfpigment vum Tattoo. D’Faarfpigmenter ginn esou staark vun der Energie vum Laser erhëtzt, datt se an hir klengste Komponente zersprengt ginn an an dësem Zoustand vun de kierpereegenen Friesszellen (Makrophagen) erkannt kënne ginn an iwwert de Lymphsystem oftransportéiert ginn.

  • Schwaarz, Blo, Donkelblo
  • Hellblo
  • Rout, Orange, Giel
  • Mauve, Gréng

Eng Behandlung dauert je no Grésst vum Tattoo 10 -20 Minutten. Ier et lass geet, fënnt eng grëndlech Desinfektioun statt an de Patient kritt e spezielle Laserschutzbrëll opgesat. Dir kënnt wärend der Laserbehandlung e liicht Brenne spieren, d’Behandlung u sech deet awer net wéih. No der Behandlung si minimal Schwellungen a Rougeuren méiglech. Speziell bei der Laserung vun Tattooen ass, datt ëmmer eng donkel Verfierwung op de behandelte Beräicher optrëtt déi ongeféier 4-6 Woche brauch bis se verschwënnt. Dëst ass e normale Prozess, réit dono hellt sech den Tattoo op.

Direkt Sonnestrahlen sollen bis zu 4 Wochen no der Therapie évitéiert ginn. Make-up däerf eréischt 12 Stonnen no der Behandlung nees ugewannt ginn. Dat traitéiert Areal mat enger Desinfektiounscrème zweemol am Dag fir 2 Woche als Nobehandlung versuergt ginn.

Well et leider keng international Standardiséierung vun den Tattoo Faarwen, der Déift vum Abbrénge vum Tattoo oder der ugewandter Quantitéit vun der Tattoofaarf gëtt, variéiert d’Zuel vun de Behandlungen vun Tattoo zu Tattoo. An der Moyenne sinn ca. 10-15 Laserungen néideg. Et sollen op d’mannst 6 Wochen Sputt tëschent de Laserungen sinn.

No enger Vakanz an der Sonn sollt Dir op d’mannst 2 Wochen bis zur nächster Laserbehandlung waarden, virun enger Vakanz an der Sonn sollt déi lescht Behandlung op d’mannst 4 Wochen am Viraus gemaach ginn.

  • Schwangerschaft an/oder Nieren
  • Oppe Wonnen oder Verletzungen an de Behandlungsberäicher
  • Epilepsie

All eventuell weider Froen beäntwert Iech den Dr Gieres gären an engem perséinlechen Berodungsgespréich.

Epilatiounslaser

Ongewollten Hoerwuesstem ka sécher an effektiv mat engem Epilatiounslaser behandelt ginn.

All Laser huet eng spezifesch Wellelängt déi vun enger Zilstruktur an der Haut absorbéiert gëtt.

Am Fall vum Epilatiounslaser ass dëse Chromophor de Faarfpigment vun den Hoer, de Melanin. De Melanin gëtt esou vill vun der Energie vum Laser erhëtzt, datt d’Hoer an domadder och d’Hoer Stammzellen verbrennen an esou zerstéiert ginn.

Dëst fonktionnéiert nëmmen an der Opbauphase vun den Hoer, der anagener Phase, well nëmmen an dëser Phase ass d’Hoerwurzel an der Géigend vun den Hoerstammzellen. Dëst ass och de Grond firwat méi Sessiounen noutwendeg sinn fir e zefriddestellend Resultat z’erreechen.

An der Anagen Phase wuessen d’Hoer, nëmmen hei ëmginn d’Hoerwurzelen d’Hoer Stammzellen, sou datt se mat enger Laser-Epilatiounsbehandlung zerstéiert kënne ginn. Ongeféier 20% vun eisen Hoer sinn an der Anagen Phase.

An der Catagen Phase ginn d’Hoer zréck an de Wuesstem stoppt.

An der Telogen Phase falen d’Hoer aus.

Prinzipiell reagéieren däischter Hoer am beschten op eng Behandlung, awer déi neitsten Laser Technologien erméiglegen och gutt Resultater bei hellen Hoerfaarwen, allerdéngs kënnen hei méi Sessiounen néideg sinn.

  • Gesiicht (Kënn, Moustache, Baart)
  • Hals
  • Nuque
  • Broscht
  • Schëlleren
  • Achselen
  • Réck
  • Äerem
  • Bauch
  • Been
  • Hänn
  • Féiss
  • Intimberäich

Ier d’Laserbehandlung start fënnt eng grëndlech Desinfektioun statt an de Patient kritt e spezielle Schutzbrëll opgesat. Wärend dem Traitement spiert Dir e bësse Brennen. Dank der integréierter Kontaktkillung am Behandlungskapp sinn d’Traitementer awer gutt ze toléréieren. No der Behandlung kënne liicht Schwellungen a Rougeuren méiglech sinn, awer dës verschwannen normalerweis den Dag drop.

Fir en optimalt Resultat z’erreechen sinn an der Regel, ofhängeg vum Hoertyp, ca. 6-8 Sessiounen noutwendeg an dëst ongeféier all 4 Wochen. Déi éischt Resultater sinn ongeféier no 3-4 Behandlungen ze gesinn.

Et ass eng dauerhaft Hoerentfernung, eng permanent Hoerentfernung existéiert net. Dofir kënnen no 1-2 Joer weider 1-2 Sessiounen néideg sinn fir d’Resultat z’erhalen.

D’Hoer sollen bis zu 4 Wochen virum Laser net gezupft, epiléiert oder mat Wuess eweg gemaach ginn. D’Hoerwurzel muss konservéiert ginn fir datt d’Lasertherapie erfollegräich ass. Raséieren ass kee Problem. D’Hoer musse souguer den Dag virdrun oder um Dag vun der Behandlung raséiert ginn.

Staark Sonnenexpositioun, (gutt brong sinn), an den traitéierte Beräicher soll bis zu 4 Woche virun der Laserbehandlung évitéiert ginn, soss kënnen Niewewierkunge wéi Verbrennungen oder Hypopigmentéierung optrieden.

Fir bis zu 4 Wochen no der Laserepilatioun däerf et zu kénger staarker Sonnenexpositioun an den traitéierten Arealer kommen, well dëst kann zu Niewewierkungen wéi Hyperpigmentéierung féieren. E Sonneschutzfaktor vu 50 soll ëmmer op d’Arelaer déi gelasert goufen an déi der Sonn ausgesat sinn applizéiert ginn, dëst bis zu 4 Wochen no all Laserbehandlung.

All eventuell weider Froen beäntwert Iech den Dr Gieres gären an engem perséinlechen Berodungsgespréich.