+352 20 80 27 00 contact@drjangieres.lu
19, rue Rudi Herber L-1749 Howald

Dr Jan Gieres

Medizinische Peeling

Den medezinesche Peeling (chemical Peel) ass eng Anti-Aging Prozedur déi zënter Joerzéngte an der ästhetëscher Dermatologie établéiert ass an exzellent Resultater an expérimentéierten Hänn produzéiere kann. En baséiert op Fruuchtsaieren déi je no Konzentratioun an ënnerschidleche Schichten d’Verbindungen tëschent den Hautzellen opléisen. Sou schielt sech di « al » Haut erof an get duerch d’Wondheelung duerch eng « nei » méi frësch Haut ersat.

  • grob Hautstruktur
  • onréng Haut, Akne
  • falen Teint
  • sonnesgechiedegt Haut.
  • iwwerflächlëch Aknenarben
  • kléngste Falen
  • vergréissert Poren

Als éischt ass eng Virbehandlung vu 4 Wochen mat enger spezieller Nuetscrème noutwendeg, dëst kann zu liichte Rougeuren an Irritatiounen féieren. Mee dëst gëtt bewosst provozéiert an ass d’Virbereedung vun der Haut op de chemesche Peel. Zousätzlech muss eng Sonnecreme mat Liichtschutzfaktor 50 konsequent all Dag 4 Woche virun der Behandlung applizéiert ginn, fir spéider Hyperpigmentéierung (donkel Verfierwungen) ze vermeiden.

Et ginn iwwerflächlech, mëttel-déif an déif Peels. Iwwerflächlech Peels mussen ca. 3 Mol all 2-4 Wochen ugewannt ginn fir den erwënschten Effet ze kréien, dofir hunn se awer manner temporär « Niewewierkungen » wéi Rougeuren an Croûten. Bei mëttel-déifen Peels geet meeschtens eng Behandlung duer, mee dofir hëllt de Patient méi Rougeuren an Croûten a Kaf. Wéi e Peel am beschte fir Iech ass, kann den Dr. Gieres gäeren mat Iech an enger perséinlecher Consultatioun klären.

Fir d’éischt gëtt d’Haut propper gemaach an desinfizéiert. Dono gëtt de Peel opgedroen an ca. 3-4 Minutten awierke gelooss. E liicht Kribbelen an Brennen op der Haut kënne wärend dem chemesche Peel optrieden, dëst hällt awer séier nees op nodeems de Peel neutraliséiert gouf. No der Behandlung kënne temporär Rougeuren a bei mëttel-déifen Peels (TCA-Peel), Croûten optrieden. Op jiddfer Fall wäert d’Haut sëch op verschiddene Plazen schielen. Dëse Prozess dauert ongeféier 1 Woch an den Traitement soll och a Bezuch op privat oder beruflech Verpflichtungen geplangt ginn.

Den Après Soin besteet aus enger konsequenter Uwendung vu Sonnecrème a vun der Nuetscrème déi och als Virbereedung gedéngt huet. Genau Instruktioune ginn Iech vun eisem Spezialist Dr Gieres matgedeelt. Sauna a Spa solle fir 2 Wochen net besicht ginn.

All eventuell weider Froen beäntwert Iech den Dr. Gieres gären an engem perséinlechen Berodungsgespréich.